Ob engem Chantier zu Jonglënster ass et um fréien Samsden Moien zu enger Explosioun komm. Den Kameidi vun der Explosioun war am ganze Duerf ze heieren.
Durch d‘Stéchflamm an Drockwell vun der Explosioun sinn 3 Leit blesséiert ginn, dovunner zwee mei schwéier. Dei Blesséiert sinn ob der Plaatz vum SAMU Lëtzebuerg an 2 Ambulanze versuergt ginn, an dunn an d’Klinik transporteiert ginn.
Pompjeeën hunn Plaatz vun der Explosioun ofgesëchert an dei Blesséiert aus dem Geforenbereich evakuéiert. Den Grond vun der Explosioun ass net bekannt.
Ob der Asazplaz ware mir mam HLF11 mat 4 Leit, 1 Ambulanz vum CIS Lëntgen, 1 Ambulanz vum CIS Lëtzebuerg, de SAMU Lëtzebuerg, ITM an d‘Police.
Leider hatte mir dese Moien keen Member wou Zait hat vir Déngscht ob eiser Ambulanz ze maachen sou dass zwou Ambulanzen aus anere Secteure hun missen geruff ginn. Wann och dir wëllt Äere Matmënschen an Nout hëllefen, zéckt net Iech bei eis ze mëllen. Mir brauchen Iech!