Zwee Gebaier wéinst Dampentwécklung evakuéiert

 

Um Donneschdeg géint 14:06 ass den CIS Jonglënster mat enger Alerte Genérale Brand 2 op eng Dampentwécklung an Rue de la Gare ze Jonglënster geruff ginn.

Zwee Gebaier sinn ob Grond vun der Dampentwécklung am Gebai evakuéiert ginn. Et huet sech erausgestallt dass den Daachstull ronderëm den Kamäin ugefaangen huet mat brennen. Den Dach ass opgeschnidden ginn vir d'Feier ze läschen.

Ob der Platz war Police Grand-Ducale vun Jonglënster, den CIS Jonglënster mam HLF1-1, Ambu 1, KdoW1 an den CIS Konsdrëf mam TLFA2 an der DLK21.

Intranet

Kontakt

 1, rue Emile Nilles | L-6131 Junglinster

 (+352) 78 94 97

 (+352) 78 03 80

 info@cisju.lu