Accident op der Autobunn Direktioun Lux

 

De Moien um 10:10 Auer ass d'Ambulanz vu Jonglënster zesumme mam LF21 vu Fluessweller op een Accident geruff ginn. Op der Autobunn A1 Direktioun Lëtzebuerg gouf et ee méi schwéieren Opfuraccident.

Zesumme mat de Pompjeeë vu Fluessweller huet eis Equipe sech em d'Patienten op der Platz gekëmmert. Déi si fir eng Kontroll an d'Spidol komm.

Ze ernimme bléift, dass déikeier d'Rettungsgasse funktionéiert huet. Mir rappelléieren hei nach eemol de Leit, den Aasatzween vun de Rettungsdéngschter Platz ze maachen an se net ze blockéieren. Just esou ass eng séier a gutt Hëllef fir déi Betraffe méiglech.

Intranet

Kontakt

 1, rue Emile Nilles | L-6131 Junglinster

 (+352) 78 94 97

 (+352) 78 03 80

 info@cisju.lu