"Eine völlig andersartige Herausforderung für alle Feuerwehrleute" beschreiwt den Organisator vum Firefighter Stairrun Berlin sein Konkour.
Vir 5te Kéier ass den CIS Jonglënster elo schonn ze Berlin um Firefighter Stairrun dabei. Ziel ass et d'Trapenhaus am ParkInn Hotel zu Berlin, am Binôme mat kompletter Schutzausrüstung erop ze lafen.
No engem Tour ronderëm den Hotel erwaarden een 39 Etagen, 770 Träpplek an 110 Héichtemeter éier een um Dach ukënnt an eng aussergewéinlech Aussicht iwwer Berlin kann genéissen. Viraussetzungen sinn een gudden Training an nach méi een staarken Wëllen.
Dei éischt Plaatz ass un eng Ekipp gaangen dei 5 Minuten an 41 Sekonnen gebraucht hunn. Do mussen mir allerdengs nach en bessen drun schaffen. Ingesamt sin 263 Ekippen an eisem Klassement bewärt ginn.
Plaatz | Team | Zait | |
83 | Jonglënster 1 | Schmitz Christophe Vrolijk Etienne |
9 Minuten 47 Sekonnen |
108 | Jonglënster 2 | Cardoso Johnny Schmit Noah |
10 Minuten 12 Sekonnen |
118 | Jonglënster 3 | Schroeder Paul Melchior Ben |
10 Minuten 23 Sekonnen |
219 | Jonglënster 5 | Vlaming Valentino Cremer Laurent |
13 Minuten 21 Sekonnen |
229 | Jonglënster 4 | Kokiopoulos Dimitris Ronkar Michel |
14 Minuten 5 Sekonnen |
Hei een Link vir alleguerten d'Resultater.