EIS FRÄIZÄIT VIR ÄR SÉCHERHEET

Aktivitäten

Mo Feb 25 @19:30 - 22:00
Übung (FIS)
Do Feb 28 @08:00 - 16:00
Übung (FIS)
Mo Mär 04 @19:30 - 22:00
Entretien (FIS & SAP)

Intranet CGDIS

cgdis logo horizontal contour CMJN

Otemschutznoutfall vir d’Ambulanz

Den Otemschutznoutfall ass ee ganz aktuellt Thema vir Pompjeeën aus dem Lëtzebuerger Land. Den ANM-Cour (Atemschutz-Notfall-Management) befaasst sech mat der Rettung vun engem verletze Pompjee bis zum Transport bei d’Ambulanz. Och mir hunn an wäerten nach Pompjeeën an dëse gudde Cour schécken.

Den Owend hunn eis Ambulancieren sech mat der Schutzausrëschtung vun de Pompjeeë vertraut gemaach.

Et kéint ee mengen et wier einfach, engem Pompjee seng Asazkleeder an säin Otemschutzgerät schnell auszedoen. Falsch geduecht! Genee dat ass den Owend geübt ginn. Bëssen Theorie, dono praktesch geschafft. Zum Schluss hunn eis Ambulancier’en et fäerdeg bruecht dem Pompjee innerhalb 20 Sekonnen säin Otemschutzgerät an seng Kleeder auszedoe während schonn eng Herzdrockmassage gemaach ginn ass.

Hoffentlech eppes wat mir NI wäerten uwende mussen. Mer wënschen eis dass mir an all eis Kollegen ëmmer gesond an monter Heem bei hier Famille kommen.

Intranet

Kontakt

 1, rue Emile Nilles | L-6131 Junglinster

 (+352) 78 94 97

 (+352) 78 03 80

 info@cisju.lu