Inferno-Bal zu Jonglënster

D'Amicale vum CIS Jonglënster invitéiert no laanger Paus endlech nees op den Revival vum legendären Inferno Bal!

Am Centre Polyvalent Gaston Stein zu Jonglënster start den 28 Mee dei nei Editioun mat der talentéierter Cover-Band Kontrollverlust an den bekannten Lëtzeboier DJ's East-Coast-Devils.

Niewt der gudder Stëmmung ass natirlech fir genuch Iessen & Drénken fir Jidderee gesuergt.

Ticketen kritt dir am CIS Jonglënster an der 1, Rue Emile Nilles zu Jonglënster oder hannerloost eis hei eng Noricht!

Mir freeën eis Iech den 28. Mee vun 21 Auer uns ze begréissen!